Wéi lafen d´Sëtzungen of?
No Ärer Kontaktopnam arrangéiere mir en onverbindlecht Éischtgespréich. Ziel vun dësem Echange ass datt Dir Äert Uleies formuléieren an Är Froe stelle kënnt, Dir iech een éischten Androck vu menger Aarbecht verschafe kënnt an ech en Iwwerbléck vun Ärer aktueller Liewenssituatioun a Problematik kréien, fir datt mir zesummen éischt Zieler formuléiere kënnen.
Doropshin entscheede mir zesummen ob fir Iech éischter eng op puer Consultatiounen ausgeluechten Ënnerstëtzung oder eng Psychotherapie zoutrefft.
An der Therapievirbereedungsphase (fir gewéinlech 3 zousätzlech Sëtzungen) gëtt en ausféierleche Diagnostik duerchgefouert, fir de Problem a sengem biografesche Kontext ze erfaassen a fir ze verstoe firwat datt e weiderbesteet a wéi e sech behiewe léist.
An der dorop folgender Therapiephase ginn déi gemeinsam erschafften Zieler ëmgesat.
D’Dauer vun der Therapie riicht sech individuell un Är Liewenssituatioun an Är Problematik aus (exemplaresch Kurzzäittherapie: 12-24h, Langzäittherapie: 45-60h). An der Reegel dauert eng Sëtzung 50 Minutten. Fir en Éischtgespréich sollt een méi Zäit aplangen (ca. 1h30).
Aktuell gëtt d’Behandlung duerch en psychologesche Psychotherapeut net vun der CNS rembourséiert. Eenzel Zousazkrankeversécherungen droe bei de Käschte fir d’Sëtzunge bäi.