Op wat fir Erfarungen gräifen ech a menger Aarbecht zeréck?
Ech schaffe séit 2012 an ënnerschiddleche psychotherapeuteschen Ëmfelder. Ech hunn mat Erwuessenen, Koppelen, Familljen a Gruppe souwuel am ambulanten (Psychotherapeutesch Ambulanz a Cellule Ethnopsychologique) wéi och am stationären Ëmfeld (Klinik fir Psychiatrie a Psychotherapie) geschafft.
Nieft mengem Diplom a Psychotherapie, mam Schwéierpunkt Verhalenstherapie, hunn ech eng Ausbildung a „Personzentrierter Beratung“ gemaach, unerkannt vun der Gesellschaft für wissenschaftliche Gesprächspsychotherapie.
Fir Iech déi beschtméiglechst Behandlung ubidden ze kënnen ass et fir mech selbstverständlech, datt ech um aktuelle Stand vun der Therapiefuerschung bleiwen an u Weiderbildungen a Supervisiounen deelhuelen.